RTL: Carte Blanche vum 22.10.2021

An senger Carte Blanche schwetzt den Jean Huss, Präsident vun Akut an Ex-Députeierten, haut iwer:

Inflammatiouns- an Infektiounsrisiken durch Schadstoffer an Emweltgefter

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Als President vun AKUT, dem Aktiounskomitee fir Emwelttoxikologie, kann a well ech hei elo net iwer Infektiounsrisiken durch Viren oder di emstridden Coronaproblematik schwetzen.

Et gin nämlech vill aner Inflammatiouns- an Infektiounsrisiken, die haptsächlech emwelt- a  schadstoffbedingt sin,  die mär perseinlech mei Suergen machen fir eis Gesondheet an fir d’Zukunft vun eisen Kanner.

D’WHO schwëtzt an dem Kontekt vun iwer 7 Milliounen Doudeger all Joer eleng durch Feinstepsemissiounen, di europäesch Emweltagentur vun 63000 eleng an Deitschland. Mee och aner chronesch Belaschtungen durch Schweiermetaller, Elektrosmog, Pestiziden oder awer gefeierlech Chemikalien wi z.b. Bisphenol A oder Weichmacher a Plastik oder chemisch Flammschutzmettelen a Buroen oder Haushalt machen krank. Sie feieren zur Schwächung vun eiser Immuniteit an zur Schiedegung vun eiser Immunbalance, zur Dereguleierong vun hormonellen an neuronalen Funktiounen an dodurch zu emmer mei chroneschen Krankheeten: emmer mei Allergien oder Autoimmuniteit, vill ze vill Kribs schon bei Jonken, Diabet, Nervenkrankheeten, Autismus, Depressiounen anesouvirun.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Net nemmen heizulands, och europa- a weltweit get vun Politiker a Vertrieder vun offiziellen Gesondheetsinstitutiounen an hiren Sondesrieden di onverzichtbar Bedeitung vun Krankheetspräventioun ennerstrach. D’Realität vun lächerlech nidgregen budgetären Metteln dofir schwätzt awer eng aner Sproch, an en courageiert präventiv politescht Virgoen geint all di virdrun genannten Schadstoffer an Emweltgefter, die di ganz Regierungen iwerrt den Gesondheetsministär eraus giffen engageieren, get et bis haut leider net. D’Ursach dofir ass aalbekannt: zu Breissel bei der EU-Kommissioun an an den Buroen vun de nationalen Staatsministeren bewirkt de Lobbyismus vun all den emwelt- a gesondheetsbelaschtenden Industrien a Konzerner leider vill mei wi d’Appeller vir de Schutz vun Natur, Emwelt a Gesondheet.

Emmerhin, leiw Nolauschterer, stin am Regirungsprogramm eng Parti interessant Verspriechen: mei Präventioun a Fuerschung an Saachen Emwelt a Gesondheet an Emweltmedizin, medezinesch Aus- an Weiderbildungsoffren a Sachen klinescher Emweltmedizin, fir die am schlemmsten betraffen Emweltkranker och speziell Behandlunges- an Krankenzemmeren am Spidol an e Remboursement  fir speziell Emwelttmedezinesch Diagnostik – an Therapiekäschten durch d’Securite Sociale.

Akut waard gespaant, wat dann elo endlech op desem Gebid geschitt!

Jean Huss

Präsident vun AKUT