RTL: Carte Blanche vum 22.06.2022

An senger Carte Blanche schwetzt den Jean Huss, Präsident vun Akut an ex-députeierten, haut iwer:

Retaren an konzeptionell Feeler bei der Realiseierung vun Emweltklinik an Emweltmedezin

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Zanter 1991, dat heescht mei wie 30 Joer, setzt sech d’asbl Akut hei am Land an fir eng wirklech efficace Präventioun vun villen chroneschen Krankheeten, die durch d’Belaschtung vun eiser Emwelt mat dausenden vun Chemikalien, Pestiziden, Schweiermetaller, endokrin wirksamen Substanzen oder aus elektromagneitesch Strahlungsquellen ausgeleist kenne gin. Zu desen chroneschen Emweltkrankheeten, an dat schon bei Kanner oder Jugendlechen, geheiren die emmer mei héefeg Allergien an Autoimmunerkrankungen, Otemweer- an Darmprobleemer, vielfälteg neurologesch Krankheeten wie z.b. MS, Parkinson, zum Deel Alzheimer, mee och Infertiliteitsproblemer oder verschidden Zorten vun Kribs.

D’Emweltmedezin, fir die mer eis zanter langem asetzen, erfuedert endlech kloer präventiv Reegelen vis-ä-vis vun Industrie a Wirtschaft, an d’Emweltmedezin setzt sech och an fir eng individualiseierten Diagnostik an eng differenzeiert emweltmedezinesch Therapie vun kranken Emwelt-Patienten.

Zu deenen am schlemmsten Betraffenen dovunner geheieren virun allem MCS-Patienten, die ennert Chemikalienbelaaschtungen leiden, awer  och Fibromyalgie, CFS- Chronic Fatigue-Patienten, an zenter enger Partie Joeren och Leit, die ennert Elektrohypersensitiviteit leiden.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Obschons den Regierungprogramm vun 2018 a Saachen Emweltmedezin an Emweltklinik greisstendeels ganz positiv war an virun e puer Meint nach de greissten Deel vun den Députeierten während enger Chambersdebatt des Zieler ennerstetzt haten, ass bis haut leider nach esou gud wi neischt dovunner realiseiert gin. D’Beschäfteung mat der Corona-Kris kann an den Aen vun Akut och net eleng als Entschellegung fir di lang Inaktiviteit hierhalen. Mee och deen elo virun e puer Wochen vum Santés-Ministär a vum neien Chem-Südspidol-Direkter virgestallten Plang a Sachen Fuerschung, medizinesch Aus- an Weiderbildung an Emweltambulanz bleiwt an den Aen vun Akut leider vill ze vill hannert deem zreck, wat eng wirklech efficace Emweltmedezin am Interesse vun Emweltkranken Patienten misst leeschten, vun weideren ongeleisten Problemer wie speziell Doktesch-Tariffe oder dem endlech neidegen Remboursement vun emweltmedezineschen Diagnostik- an Therapie- Fräen net emol ze schwetzen.

Akut war emmer Konstruktiv an wärt et och weider sin, mee eis Zweifel un deem virleienden Projet sin mei wi grouss.

Jean Huss
Präsident vun AKUT