Unsichtbare Risiken

RTL: Carte Blanche vum 27.11.2020

An senger Carte Blanche schwetzt den Jean Huss, Präsident vun Akut an ex-députeierten, haut iwer onsichtbar risiken a geforen fireis Gesondheet, fir Emwelt, Klima an Biodiversiteit

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Als Präsident vun Akut an Ex-Députeierten well echhaut net och nach schwätzen iwert di aktuell Corona-Pandemie, obschons et dobei och a grad ekologesch Ursachen get, die zum Ausbroch an der schneller Verbreedung vum Covid-19 – Virus beigedroen hun.

Virun ronn 10 Joer war nämlech schon vun Wëssenschaftler virun Pandemien durch zouneemend Deier-Mensch- Iwerdroungen an enger globaliseierter Welt gewarnt gin, mee d’Politik hat des eischt Warnungen ignioreiert, esou wi dat bei aneren Risikofakteuren an den leschten 50 Joer mei wi eng engkeier geschitt war. E puer Stechwieder just an Saachen Emwelt- an Gesondheetsrisiken a Skandaler: Asbest, Zigaretten, Amalgam, Blei am Benzin, Dioxiner a PCB-en, ozonschichtzersteierend FCKW-en, DDT oder haut Glyphosat anesouvirun.

Bei all dese Fäll war et groussen Industrien a Konzerner Joren an esouguer Joerzingtelang gelongen, matoneierlechen an deels kriminellen Methoden, d’Risikenvun hiren Produkten ofzestreiden an ze nieieren, bis nolanger Zeit a villen Kranken an Doudegen dann awerscharf Regelungen oder Produktiounsverboter politeschkonnten durchgesat gin.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

En aktuellt a brisant Beispill an desem Context ass ouniZweifel d’Diskussioun ronderem Gesondheetsgeforendurch elektromagneitesch Strahlung, mee och Risiken fir d’Biodiversiteit, de Klima oder gesellschatfspolitesch an demokratesch Risiken durch di geplangten Afeierung vun den neien Frequenzen vum 5-G.

Um internationalen Plang haten schons zanter 2-3 Jorenvill Initiativen vun onofhängegen Wëssenschaftler, Medeziner an Emweltorganisatiounen virun enger zeschneller Afeierung vum 5-G gewarnt, hei zu Letzebuerg hat eng Petitioun geint 5-G schnell iwert7300 Ennerschreften gesammelt.

E puer Deeg virun enger vill ze kurzer Diskussioundoriwer an eiser Chamber ufanks Oktober hat den sougenannten science.lu- Portal an engem sougenannten Faktencheck versicht, all d’Bedenken a Suergen virun5-G als wessenschaftlesch onbegrënnt durzestellen, woubei een awer wesse soll, dat hir Argumenter an d’Haptquellen vun hiren Aussoen haptsächlech Analysen vum schweizer FSM, der Stiftung Stroum an Mobilfunk-Kommunikatioun berouen, die vun Swisskom an aneren Operateuren finanzeiert gin.

Dat ass onseriö an e weineg esou, wi wann d’Zigarettenindustrie selwer als wëssenschaftlesch Referenz iwert Gesondheetsrisiken vum Femmen giffugesin gin.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Honnerten vun onofhängegen Wessenschaftler a Mobilfunkfuerscher an dausenden vun Medezinerwarnen haut virun enger ze schneller + massiwer Afeierung  vum 5-G a fuerderen dofir d’applicatiounvum „principe de précaution“ an e mehrjähregen Moratoire, ier irreversibel „faits accomplis“ geschaafgin.

Deem kann ech nemmen zoustemmen!

Jean Huss

Präsident vun AKUT