Entwicklungen der Ëmweltmedizin hei am Land

Léif Nolauschterinnen,

Viru kuerzem huet eise Gesondheetsminister Etienne Schneider decidéiert, deen am Regierungsprogramm festgeschriwwenen « Nationalen Zenter Ëmweltmedezin“ beim CHEM am Süde vum Land unzesidelen.

Onofhängeg vun der Fro vum Site vun dëser stationärer Unitéit, déi jo am Intrêt vu schwéier kranken Ëmweltpatiente geplangt ass, bedeit dës Entscheedung en éischte wichtege Schrëtt a Richtung Unerkennung vun der Problematik Ëmwelt a Gesondheet an Ëmweltmedizin. Et gëtt nämlech vum wëssenschaftleche Standpunkt aus ëmmer méi däitlech, dass net nëmme spezifesch Ëmweltkrankheeten wéi MCS, dat heescht Chemikalienempfindlechkeet, oder Elektrohypersensibilitéit duerch eis belaaschten Ëmwelt gefërdert ginn, mee och eng Parti méi bekannte chronesch Erkrankungen wéi zum Beispill Allergien, Kriibs, neurologesch oder psychesch Krankheeten an esou virun, an dat deels scho bei Kanner oder nach jonke Leit.

Dofir menge mir vun Akut, an dat steet och am neie Regierungsprogramm, datt elo och esou séier wéi méiglech e globalen Aktiounsplang Ëmwelt a Gesondheet an Ëmweltmedizin misst op- an ausgebaut ginn. Kärelementer dovu sinn engersäits eng verbessert, och ëmweltorientéiert Präventiounspolitik, fir déi villfälteg Ëmweltursaache vu Krankheeten ze reduzéiereren oder ze ënnerbannen. An anerersäits och d‘Fërderung vun ursaachenorientéierten Diagnostikmethoden an Therapien. An och déi medizinesch Recherche ronderëm eis Universitéit an eis Fuerschungslaboen wier eng absolut sënnvoll Ergänzung am Kader vun esou engem nationalen Aktiounsplang.

Ëmweltmedizin huet strictement näischt ze dinn mat Esoterik oder aner zweifelhafte Wonnertherapien, mee baséiert, ursaachenorientéiert, op modernste präzise Laboratoiresanalysen an Diagnostikmethoden, déi dann individuell-klinesch Therapië méiglech maachen.

Am Intérêt vun der wuessender Zuel vun ëmweltkranke Patienten, déi bis haut de Gros vun dësen Analysen an Therapiekäschten aus der eegener Täsch musse berappen, ass AKUT, esou wéi am Regierungsprogramm festgehalen, a wéi och de Sozialminister Romain Schneider et duerchblécke gelooss huet, der Meenung, datt och dës Käschten zu engem gewëssen Deel misste vun eise Krankekeesen iwwerholl ginn. Dat esou guer am Intérêt vun de Krankekeese selwer, well geheelte Patienten net méi laang chronesch krank sinn an dofir d’Keesen och mëttelfristeg entlaaschten. AKUT jiddefalls steet dëser globaler ëmweltmedezinescher Approch absolut positiv géintiwwer an ass bereed, sech konstruktiv dorunner ze bedeelegen.

Dat war d’Carte blanche vum Jean Huss, dem Präsident vun AKUT.