Schweiermetallvergeftung

Bericht vun enger Patientin mat Schweiermetallvergeftung:

Am Juli 2016, nodeems zu Lëtzebuerg eng Partie Dokterenschonn 2 Joer laang ouni Erfolleg no der Ursaach vu mengen ëmmer méi gravéierenden gesondheetlechen Problemer gesichthaten, gouf an Däitschland an enger Naturheilpraxis bei mir eng Schwéiermetallvergëftung duerch den Amalgam an den Zänndiagnostizéiert. Ech krut hei zu Lëtzebuerg den Amalgam no an no erausgeholl an ech hunn iwwer bal 1 1/2 Joer eng Schwéiermetallausleedung gemaach, déi Enn d’lescht Joererfollegräich ofgeschloss gouf.

Bis Mëtt 2017 hat ech mech gesondheetlech schonn immens gudderholl, bis et ebeemol dëst Joer ab Mäerz aus onerklärleche Grënngesondheetlech nees ëmmer méi biergof goung. Enn Juli hu mir dunn d’Ursaach erausfond: ee massive Schimmelbefall am Keller vun onsem Haus, an och an den Dichtungen vu sämtlecheFënsteren um 1. Stack (d.h. och an den Schlofzëmmeren) hu mir Schimmel fond. Doropshinn gouf de Schimmel iwwerallewechgemaach, nodeems mir och eng Fiichtegkeetsfirmakontaktéiert haten. Déi huet erausfond, dass eis sämtlechAussemaueren am Keller vun Infiltratiounen betraff sinn. D’Fiichtegkeet kënnt op alle Plazen vu baussen eran, opgrond vufalschen Isolatiounen. D’lescht Woch huet d’Firma mat enger kompletter Sanéiereung vum Keller ugefaangen. Säit de Schimmel um 1. Stack, an och iwwerflächeg am Keller virun der Kellersanéiereung ofgemaach ginn ass, geet et mir mëttlerweilgesondheetlech nees schonn erëm vill besser.

Leider hunn ech awer zënter Abrëll 2018 ugefaangen, ëmmer méisensibel op ëmmer méi chemësch Stoffer ze reagéieren, z.B. esoubal ech dës anotmen. Am meeschten reagéieren ech opParfum (och an Deo, Crèmen,…), mee awer och op vill anerStoffer ewéi de Geroch vu Feier (z.B. beim Grillen), Zigarettendamp, Autosofgasen, allerlee  Botzmëttel, verschiddenFaarwen (Lack etc.), verschidden Zorte Pesch a Plastik, …., esouwéi och op Zousaatz– a Konservéierungsstoffer  an Liewensmëttelan och op Medikamenter. Schonn während mengerSchwéiermetallvergëftung war ech méi sensibel op verschiddenSubstanzen ginn, mee an de leschte Méint sinn d’Reaktiounennach däitlech méi staark ginn, an och d’Unzuel vun de Substanzen op déi ech reagéieren, huet däitlech zougeholl. Esoubal ech esouSubstanzen (an dat oft schonn a minimalen Konzentratiounen) anotmen respektiv anhuelen, reagéieren ech mat allerleeverschiddenen Symptomer (vu Kappwéi, Migraine, Iwwelzegkeet, Middegkeet a Konzentratiounsstéierungen, Muskelverspaanungen, Réck-/ Nuque– a Gelenkwéih, Verdauungsproblemer, grippeähnlech Symptomer, Brennen op der Zong, bis hin zu asthmatesche Reaktiounen, Entzündungen vunden Otemweeër, an am schlëmmste Fall Häerz-Kreeslafproblemerbis hin zu quasi anaphylaktesche Schockreaktiounen, deemno wéieng Substanz et ass a wéi intensiv de Kontakt war)

Et besteet de Verdacht, dass ech opgrond vu menger laangjähreger Belaaschtung mam Amalgam an elo zousätzlech duerch den akuten Schimmelproblem, un MCS (multiple chemëschSensitivitéit) erkrankt sinn, ech sichen dofir eng Plaatz un déi echmech kéint wenden, sief et hei zu Lëtzebuerg oder am Ausland. Ech sichen een Dokter/Spezialist (eventuell Ëmweltmediziner)  deen sech mat esou komplexen Reaktiounen op chemesch Stofferauskennt, esou dass no der Ursaach vun dëse Reaktiounen kann gekuckt an eng Diagnose gestallt ka ginn, an ech doropshinn eng ugepasste Behandlung kéint kréien.

Ech schéngen ausserdem och Problemer am Beräich vumËntgëftungsprozess am Kierper (Ëntgëftungsenzymer?) ze hunn. Meng Entgëftungskapazitéit ass säit menger Amalgamvergëftungextrem ageschränkt, a stéisst am Alldag ëmmer erëm ganz schnell un hir Grenzen (och de Verlaf vun der Schwéiermetallausleedunghat dëst schonn gewisendës huet extrem laang a mat ganz minimalen Dosen missen lafen, well soss mäi Kierper direkt matder Ëntgëftung iwwerfuerdert war). Et wier deemno och wichtegwann ech een Dokter kéint fannen dee sech um Gebitt vun den Ëntgëftungsprozesser auskennt. Bis elo konnt hei nach keen mechun ee Spezialist weiderleeden.

Des weideren wollt ech Iech froen, u ween ech mech hei zu Lëtzebuerg kéint wenden, wann ech eemol eng Iwwerpréiwungvun der Schadstoffbelaaschtung am Haus respektiv een Test opSchimmelsporen an der Raumloft (Unzuel an Arten vuSchimmelsporen) wéilt ufroen.

Ech soen Iech elo schon Villmools merci fir all klengen Hinweis oder hëllfräichen Tip.

Mat léiwe Gréiss,