Kriibskrankheeten an Schadstoffpollutioun

A senger Carte blanche schwätzt de Jean Huss, President vun Akut, iwwer den Zesummenhang tëscht Kriibskrankheeten an Schadstoffpollutioun vun der Emwelt an eisem Iessen.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
A menger Carte blanche vun haut geet et ëm den Dossier «Kriibskrankheeten».

Eng kuerz Fro an deem Kontext :

Wie vun iech kennt net aus Famill, Noperschaft oder Bekanntekreess Leit, deelweis och nach jonk Leit, déi vu Kriibs betraff an trotz Therapieefforten vill ze fréi aus dem Liewe gerappt goufen?

An de vergaangene 40 Joer  goufe dobäi international riseg Milliarden-Dollar-Zommen an d’Kriibsrecherche investéiert, de gros allerdéngs just an d’Entwécklung a Vermaartung vun oft deieren, fir d’Pharmaindustrie awer immens profitablen, Antikriibsmedikamenter an Therapien.

De Gesamtbilan no iwwer 40 Joer bleiwt allerdéngs, vun e puer Ausnahmen bei e puer Kriibszorten ofgesinn, relativ bescheiden, während ëmgekéiert eng Parti haaptsächlech hormonofhängeg oder neurologesch Tumeuren, Daarmkriibs an esouguer Leukämien oder Gehiertumeuren bei Kanner schläichend zouhuelen.

Léif Nolauschterinnen,

Ët gëtt natierlech national wéi international vu Säite vun Gesondheetsministèren esou genannt „Plans canceren“ : virun allem präventiv Messagen, déi haaptsächlech un d’Eegeresponsabilitéit vum Bierger a Saache Kriibspräventioun appeléieren: net fëmmen, wéineg Alkohol, gesond iessen a méi Beweegung.

Dat ass sécher richteg, et vernoléissegt awer onverständlecherweis vill aner Risikofacteuren a méiglech Ausléiser vu Kriibs: zum Beispill Diesel oder Feinstëbs an der Otemloft dobaussen, Bioziden, Léisemëttel, Phtalaten, Flammschutzmëttel oder Strahlung op der Aarbecht oder doheem, Pestiziden, Nitrater oder aner Schadstoffer virun allem a konventionnellen an industriellen Iesswueren,

Schadstoffer, déi bei praktesch jidderengem vun eis a Laborsanalyse kënnen nogewise ginn. (Neierdings och Mikroplastik)

Léif Nolauschterer,

Nach e puer Informatiounen a Konklusiounen.

  1. Schon 2010 haten déi bescht onofhängeg Wëssenschaftler a Kriibsfuerscher aus den USA an engem 450-Säite staarke Rapport un den amerikanesche President virun der systematescher Ënnerschätzung vu ville kriibsausléisende Chemikalien a Pestiziden, dorënner och de Glyphosat-Roundup vu Monsanto, gewarnt a präventiv Mesurë gefuerdert.
  2. Héich interessant ass och eng rezenz grouss epidemiologesch Etude vun Enn Oktober 2018 am medizinesche Fachjournal „JAMA Internal Medecine“. Si huet 70.000 Leit iwwer 7 Joer suivéiert an alleng de méigleche Bénéfie vu biologesche Liewensmëttel analyséiert. Resultat: 25% manner Kriibs insgesamt, 34% manner Broschtkriibs, a suguer 76% manner Lymphdrüsekriibs.

Eng Fro:
wéi wieren d’Resultater, wann endlech Ëmweltpräventioun géif stattfannen a méi Alldagsproduiten manner schadstoffbelaascht a méi biologesch kompatibel wieren?

Dofir als Konklusioun:
Wien wichteg Haaptursaache vu Kriibs scheinbar net kennt oder net wëll zur Kenntnis huelen, dee kann de Kampf géint de Kriibs ni wesentlech gewannen. Dat gëllt iwwregens och fir vill aner Krankheeten.

Jean Huss,
President vun AKUT